Retour à tous les événements

Scheckiwwerreechung un d’Déierenasyl vu Gasperech

D’Schüler vun de 5ADF- a 5AD-Klassen aus dem Nordstadlycée hu sech fir de gudden Zweck engagéiert a Sue gesammelt fir d’Déierenasyl vu Gasperech. Insgesamt konnte si ee Scheck an der Héicht vun 1900€ iwwerreechen.

Am Kader vum Projet “Léieren duerch Engagement” vum Zentrum fir politesch Bildung hunn d’Schüler Hondskichelecher gebak an déi um Chrëschtmaart zu Dikrech an um Marché de solidarité am NOSL verkaft. Och nodeems eng Rei Kichelcher am Virfeld geklaut goufen, hunn d’Schüler sech net ënnerkréie gelooss a weider fläisseg fir de gudden Zweck gebak. Den Asaz huet sech gelount, d’Schüler konnten eng Zomm an der Héicht vun 1900€ sammelen.

D’Scheckiwwerreechung war de 27.02.2023 am Nordstadlycée, dëst zesumme mat de Schüler vun de 5ADF- a 5AD-Klassen, mat den Enseignantë (Madamme Becker a Goerens), mat den Madammen Rocha a Mersch aus der Direktioun a mam Felicia, een adoptéierten Hond vun enger Enseignante aus dem Nordstadlycée.

D’Madamm Liliane Ferron aus dem Déierenasyl huet sech immens iwwert de generéisen Don gefreet an de Schüler mat Hëllef vun engem Film erklärt, wou dat Geld lo kann agesat ginn.

Remise de chèque des élèves du Nordstad-Lycée en faveur de l’asile national pour animaux


Les élèves des classes 5ADF et 5AD de l’établissement scolaire Nordstad-Lycée de Diekirch se sont engagés bénévolement pour le bien-être des animaux. Un chèque d’un montant de 1900 euros a été remis à l’asile national pour animaux de Gasperich.

Dans le cadre du projet « Léieren duerch Engagement », les élèves ont confectionné des biscuits pour chiens et les ont vendus lors du marché de Noël de Diekirch et lors du marché de la Solidarité organisé par le Lycée. Même si certains biscuits ont été volés en amont du marché de Noël, les élèves ne se sont pas laissés décourager. Très motivés, ils n’ont pas baissé les bras et ont confectionné de nouveaux biscuits sans se plaindre. Un engagement qui en valait la peine. Grâce à leur engagement, les élèves ont pu récolter 1.900 euros pour la bonne cause.

La remise de chèque s’est tenue au Nordstad-Lycée, en présence notamment des élèves des classes 5ADF et 5AD, de leurs enseignants, de la directrice du Nordstad-Lycée Mme. Francisca Rocha et de la représentante de l’asile national pour animaux de Gasperich, Mme Liliane FERRON.

Précédent
Précédent
9 février

Don Institut Camões

Suivant
Suivant
16 mars

Nordstad Radbonus