Mat Asaz um Terrain! E leschten Donneschdeg hunn zwee Junioren den NOSL beim LASEL Badminton non-licencié um Geesseknäppche vertrueden. No enger usprochsvoller Gruppephas, an där et leider net fir déi éischt Plazen duer gaangen ass, hunn déi zwee Jongen an der zweeter Ronn eng staark Leeschtung gewisen a sech gutt Placéierungen am Mëttelfeld erkämpft. Bravo, Jongen!