D'lescht Woch gouf am NOSL déi éischte Kéier de CareForFutureDay 🌍ofgehalen.
Den Haaptevenement war heibäi de Kleedertosch 👕, deen d'Schüler:innen aus der Optioun "Setz dech an" vun de GSO Klassen organiséiert hunn. ➡️ Ganz nom Motto: neie Style ouni Ressourcëverschwendung - d'Ëmwelt seet merci! E grousse Merci 🙏 geet och un d'Schüler:innen vun der 5PF2 fir d'Matmaachen!
Bei engem weideren Event hunn d'Schüler:innen vun der GSO hir Matschüler:innen aus der 7C duerch eng Expo gefouert. Si kruten hei erkläert, wéi Moud gläichzäiteg fair a nohalteg ka sinn.
Donieft hunn d'ONG Fairtrade a GaiaLux och Atelieren zu den Themen "Fair Fashion" a "Nohaltegkeet" ugebueden. Hei konnten d'Schüler:innen vun de Klasse 6PF1, 5PF, 2GT2S1, 3GSO an 2GSO deelhuelen.
Retour à tous les événements