Retour à tous les événements

BamChallenge

Als nohalteg Schoul maachen mir selbstverständlech mat bei der #BamChallenge!

Wéi eis Schoul 2007 gegrënnt gouf, huet eisen deemolegen Direkter, den Här Francis Schartz, zu Dikrech eng Lann geplanzt.

Haut féiere mir dës Traditioun mat vill Freed weider a planzen hei zu Ierpeldeng, eisem zukünftege Standuert, eng nei Lann: e Bam, dee schonn haut seng Wuerzele kann ausbreeden bis och mir endlech zu Ierpeldeng ukommen.

E grousse Merci un de Frank Kuffer vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer fir d'Nominatioun!

Mir nominéieren eis Noperen zu Dikrech: den Lycée classique de Diekirch, d’École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg - EHTL an den Lycée Technique Agricole

#BamChallenge

Précédent
Précédent
20 novembre

LASEL Basketball