Retour à tous les événements
D'4C huet lescht Woch e Klassenausfluch op Amsterdam gemaach. Si hunn Amsterdam wärend guidéierten Touren um Vëlo an zu Fouss kennegeléiert, hu Konscht am Rijksmuseum entdeckt an Experimenter am NEMO Science Museum ausprobéiert. Donieft gouf et nach lecker Pannekoeke wärend enger Bootsfaart ze iessen. Och wann si déi eng oder aner Kéier vun uewe geduscht gi sinn, konnte si déi dräi Deeg eng schéin Zäit als Klass verbréngen.