Retour à tous les événements
D'2GT2S war lescht Woch op Amsterdam. Trotz grousser Hëtzt an enger ganzer Partie Problemer mam Zuch, duerch déi si bal een Dag verluer hunn, war et eng super Rees. Et gouf vill gelaacht, d'Stëmmung war top, an all Mënsch huet säin Deel dozou bäigedroen, datt dëse Klassenausfluch eng Erënnerung bleift, un déi si gär zeréckdenken. Um Programm stoungen ënner anerem de Besuch vum Anne Frank Haus, der Ausstellung Körperwelten an der Van Gogh Immersive Experience. Ausserdeem hu si sech am Kader vum Holocaust-Namenswee nach méi intensiv mat der Geschicht vum Holocaust a senge Schicksaler auserneegesat. Nieft de ville flotte Momenter gouf et also och vill Spannendes an Léierräiches ze entdecken.