D’Schüler vun der “activité parascolaire Lego League” hunn Samschdes den 23. Abrëll bei der Finale vun der First Lego League Lëtzebuerg am Lycée Aline Mayrisch matgemaach an haten do vill Spaass zesummen.
D’Katherine Foggon, d’Chloé Kuster, den Miguel Dos Santos Esteves, den Max Weicherding, den Rafael Tinoco an den Dave Linster hunn fir den NOSL een “Judge Award” gewonnen fir hir Leeschtung an der Robotik an an hiren Projet zum Thema “Cargo Connect”.