
De 7. Oktober 2016, huet den Nordstad-Lycée e Rallye fir all d’7ièmes-Klassen duerch Dikrech organiséiert.
De Challenge war fir op 12 Statiounen an och ënnerwee esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen. Et war e gudden Teamgeescht gefrot, a wann d’Schüler sech net géigesäiteg gehollef hunn, da konnten si leider net vill Punkten ergatteren.
Wien elo awer gewonnen huet, steet leider nach net fest…

