
Den Hip Hop Marathon geet elo schonn an di 7. Ronn an natierlech och mat zwou Gruppen aus dem Nordstad Lycée. Dëst Joer goufe mir vun der 8MO2 an 9MOF1 an der Disziplin Rap vertrueden.
Säit Januar hunn sech d’Schüler Gedanken zum Thema „The future is yours“ gemaach, dunn zesumme mat dem David Galassi Texter fir hir Lidder geschriwwen an den Optrëtt virbereet.
D’Premiere war den 3. Mee an op de Bühne vun de Rotonden. Wien si nach emol well gesinn an ënnerstëtze kommen, dee kann dat den 23. Mee am Kulturhaus zu Miersch oder den 30. Mee an der KuFa zu Esch maachen.

