22.05.2019 Greenlight for Girls

En 22. Mee waren 9 Meedercher vun der 5eC op de Greenlight for Girls Dag. Vodafone Lëtzebuerg huet op dësen Dag um Kierchbierg invitéiert fir hinnen d’STEM-Fächer méi no ze bréngen. Si hunn verschidden Experimenter an den Domainen vun der Science, der Technologie, der Ingenierien an der Mathematik gemaach an hunn dobäi vill Spaass gehat. Ziel dovunner ass, dat méi Fraen entdecken, dass och si un dëse Beruffen Interessi kennen a sollen hunn.