An der Nuecht vu Freides, de 16 Dezember op Samschdes de 17 Dezember konnten eis Schüler sech fir déi zweet Liesnuecht am NOSL umellen. D’Scary Book Night war näischt fir Schüler mat schwaachen Nerven : Grujelgeschichten, Horrorfilmer a Geeschter stoungen hei um Programm.
Passend zum Thema konnten d’Schüler sech fir eng kuerz Zäit an e Buch vum Horror- a Spukgenre aliesen an et esou op en éischte Bléck kenneléiere. Tëschent engen 30 Bicher op däitsch a franséisch konnten eis Liesraten sech hier passend Lektür auswielen. Jiddereen huet sou d’Méiglechkeet gehat eng 4-5 nei Bicher kennenzeléieren.
Bei engem gemeinsamen Owesiesse gouf sech gestärkt.
Wien sech bis dohin nach net genuch gegrujelt hat, konnt sech um zweeten Deel vum Owend am Däischteren duerch de Lycée op enger Schnitzeljagd op d’Sich no Geeschter an Dämone maachen.
Zu spéiderer Stonn gouf et sech am Schlofquartéier vun der Bibliothéik gemittlech gemaach… d’Horrorfilmer hunn d’Grujelstëmmung perfekt gemaach a bis bal 2 Auer an der Nuecht hunn déi meescht vun de Schüler keen Aa zougemaach J
Am ganzen hunn 19 Schüler un dëser “grujeleger” Liesnuecht deelgeholl.