De 6. Oktober haten all eis 7ièmes-Klassen Team-Day.
Fir den Dag gutt unzefänken, gouf am Klassesall zesumme Kaffi gedronk an all Grupp krut säi Starter-Kit. Dunn hunn d’Schüler sech op de Wee gemaach op déi eenzel Statiounen, déi am Haaptgebai, am Parc Ecologique a ronderëm Sportshal opgebaut waren.
Ënnerwee hunn sie hire Froebou ausgefëllt an op deenen 12 Statiounen hunn sie all zesummen déi verschidden Übunge geléist.
De Gewënner dëst Joer ass:
Plaz 1: FC NOSL (Klass 7P2) mat 682 Punkten
Plaz 2: Big Unicorn Mafia (Klass 7G3-Grupp 1) mat 664 Punkten
Plaz 3: 90 Kings (Klass 7G1-Grupp1) mat 642 Punkten
an all déi aaner sinn op der 4. Plaz.

