
An der Nuecht vu Freides, den 8 Juli op Samschdes den 9 Juli konnten eis Schüler sech fir déi éischt Liesnuecht am NOSL umellen.
Den éischten Deel vum Owend gouf en “Book Speed Dating” an der Bibliothéik organiséiert. Hei konnten d’Schüler sech fir eng kuerz Zäit an e Buch aliesen an et esou op en éischte Bléck kenneléiere. Tëschent engen 30 Bicher op däitsch a franséisch konnten eis Liesraten sech hier passend Lektür auswielen. Wann de Funken iwwergesprongen ass an eis Schüler “in love” mat engem Buch waren, krute Si d’Méiglechkeet dat Buch fir d’Vakanz auszeléinen. Bei engem gemeinsamen Owesiessen an engem uschléissende Film am Schlofquartéier vun der Bibliothéik gouf den Owend dunn ausklénge gelooss.
Am ganzen hunn eng 13 Schüler un dëser flotter Liesnuecht deelgeholl.
Mir hoffen dass och di nächst Liesnuechten e groussen Ulaf fannen.

