
Déi 8. Editioun vu „NOSL meets ZAK“ huet den 27. Mee 2017 um Stadion zu Dikrech, bei herrlechem Wieder a gudder Stëmmung stattfonnt.
Vill verschidde Sports- a Spaassatelieren goufen organiséiert, wou gemëschten Equippen aus Sportler vun ZAK a Schüler aus dem NOSL probéiert hunn, souvill Punkte wéi méiglech ze sammelen.
Dëst Joer hu mir eng speziell Ausgab ënnert dem Motto „Micky’s Games“ gemaach, fir dem Micky Goebel, dat eis leider den 1. Mäerz 2017 vill ze fréih fir ëmmer verlooss huet, nach emol op eis ganz speziell Manéier ze gedenken, an him op dësem Wee nach emol Merci ze soen, fir alles, wat hat an all deene Jore fir eis gemaach huet.
Gewonnen gouf dës 8. Editioun vu “NOSL meets ZAK” vun der Equipe “Micky’s Elite” mat folgende Schüler aus dem NOSL: Jennifer Meyres, Charel Reitz, Maurice Winandy, Stella Kuete an Tatiana Martins.

