02.06.2018 – NOSL meets ZAK

Déi 9. Editioun vu „NOSL meets ZAK“ huet den 2. Juni 2018 um Stadion zu Dikrech, bei herrlechem Wieder a gudder Stëmmung stattfonnt.

Vill verschidde Sports- a Spaassatelieren goufen organiséiert, wou gemëschten Equippen aus Sportler vun ZAK a Schüler aus dem NOSL probéiert hunn, souvill Punkte wéi méiglech ze sammelen.